Vakanzepläng an eng Postkaart (A2)
Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht
Kategorier:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir e puer Frënn, déi zesummen eng Vakanz fir de Summer plangen. Duerno lauschtere mir d'Postkaart, déi si aus der Vakanz geschéckt hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Anna: So, hutt dir scho Pläng fir de Summer? Tom: Also ech nach net. Ech géif awer gär an eng Stad goen. Wat denkt dir? Lara: Dat kléngt super ! Wuer solle mer da goen ? Anna : Wéi wier et mat Berlin ? Do gëtt et vill ze kucken. Lara : Hmm, ech war schonn e puer Mol zu Berlin. Ech géif léiwer op eng waarm Plaz goen. Tom : Vläicht Barcelona ? Do ass et schéin a waarm. Anna: O jo, ech wëll onbedéngt d’Sagrada Familia gesinn! Lara: De Park Güell ass och impressionant. A mir kënnen op d’Plage goen an am Mier schwammen. Tom: Ma tipptopp! Wou solle mer iwwernuechten? Anna: Ech proposéieren eng Jugendherberg. Dat ass bëlleg a mir kënnen nei Leit kenne léieren. Lara: Dat ass eng gutt Iddi. A wéi komme mer op Barcelona? Tom : De Fliger ass déi bescht Optioun. Dat geet séier. Anna : Ech sinn averstan. Ech fueren net gär laang Auto. Wéini fléie mer? Tom: Fir mech ass Mëtt August ideal. De 15. August ass Feierdag a mir maachen d’Bréck op der Aarbecht. Lara: Perfekt fir mech! Geet dat och fir dech, Anna? Anna: Jo, ech hunn de ganzen August Congé a si flexibel. Tom : Super ! Ech schloe vir, mir treffen eis de Weekend a buchen alles, éier et ze deier gëtt. Lara: Ok! Bis de Weekend! Anna: Bis de Weekend! Postkaart E schéine Bonjour vu Barcelona! Eis Vakanz ass bal eriwwer a mir hu vill erlieft. D’Wieder war leider net immens. Et huet oft gereent a mir konnten net op d’Plage goen. D’Lara war net frou! Dofir si mi a vill Muséeë gaang. Dat huet dem Anna immens gefall. De Picasso-Musée war interessant, an och d’Sagrada Familia war impressionant. Eis Jugendherberg war super! Et war ganz gemittlech a mir hu vill Leit aus anere Länner kenne geléiert. Owes si mir zesummen Tapas iesse gaang oder hunn an der Jugendherberg gekacht. Mir freeën eis schonn, iech alles z’erzielen a Fotoen ze weisen! Léif Gréiss Anna, Lara an Tom
