Um Chrëschtmaart (B1)

Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht

Podcast artwork

Kategorier:

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! De Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg ass zënter e Freideg op. Perfekt, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen! Am Episod vun haut lauschtere mir dofir, wéi zwou Persounen en Tour driwwer maachen an och traditionellt Iessen a Glüwäin bestellen. - Transkript: A: Paul, kuck emol ! D’Stad ass scho sou schéi festlech dekoréiert, iwwerall hänke Liichtercher!   B: Jo, de Chrëschtmaart ass och virun e puer Deeg opgaangen.  A: Stëmmt! Solle mer e klengen Tour driwwer maachen?  B: Hmm, ech hunn net wierklech Loscht … Et ass mir kal, an ëm dës Zäit ass et ëmmer esou voll …  A: Dajee, komm! Mir ginn och net laang, versprach! Et gëtt bestëmmt vill ze kucken. Et richt och schonn no Glüwäin a gebrannte Mandelen …  B: Ok, ok, du hues mech iwwerzeegt. Awer nëmmen, wann ech mir och e puer Gromperekichelcher kafe kann!  A: Natierlech! Mir kucke fir d’éischt e bëssen, an da kafe mir eis eppes ze drénken an z’iessen.   B: Du has Recht, et ass wierklech eng gutt Stëmmung hei.   A: Gesäis de! Komm, mir kucken emol, wat se hei um Stand alles hunn. Vläicht fanne mir jo e Kaddo fir deng Frëndin?  B: Gutt Iddi! Hatt ass frou mat selwergemaache Saachen.   A: Kuck emol, wéi fënns de dës Holzfiguren? Déi si bestëmmt vun Hand geschnëtzt.  B: Hmm, ech weess net, ech fanne se e bësse kitscheg. Mee vläicht kafen ech um Stand niewendrun e Glas Hunneg. Dat ass ëmmer gutt ze hunn an där kaler Joreszäit.  A: Wéi wier et mat engem Glüwäin? Dovu gi mer bestëmmt waarm!  B: Ech sinn dobäi. Komm, mir stellen eis hei an d’Rei. Ech hunn héieren, datt de Glüwäin op dësem Stand dee beschten ass.  C: Moien! Wat kritt Dir?  A: Zwee Glüwäin, wannechgelift.   C: Gär. Rouden oder wäissen?  A: Rouden, wannechgelift.  C: Voilà. Dat mécht 12 €. Op all Glas sinn 2 € Pfand.  A: Merci!  B: Prost, Liz, op de Chrëschtmaart!  A: Prost! (Kuerz Paus) Mmmh, dee Glüwäin ass wierklech gutt!  Du has Recht, Paul, dat ass dee beschte Stand!  B: Sou, elo sinn ech awer e bëssen hongereg. Kuck emol, hei hu se Mettwurscht a Gromperekichelcher. Solle mer eis eppes huelen?  A: Jo! Ech hu richteg Loscht op eng Mettwurscht.  B: An ech huele mer e puer Gromperekichelcher. Dat ass Traditioun!  D: Gudden Owend ! Wat kritt dir?  B: Fir mech Gromperekichelcher, mat Äppelkompott wannechgelift.  A: An ech huelen eng Mettwurscht mat Moschter, wannechgelift.  D: An der Rei. Dat mécht 13€.  A: Kanns de dat gleewen? 8,50 Euro fir Gromperekichelcher mat e bëssen Äppelkompott! De Chrëschtmaart gëtt wierklech all Joer méi deier …  B: Do hues de Recht. Mee se si wierklech fantastesch! Wëlls de e Stéck schmaachen?  A: Jo, gär! Hei, du kanns och eng Kéier a meng Wurscht bäissen.  B: Mmh, déi ass och gutt! Du has awer Recht, et war eng gutt Iddi, nach en Tour iwwer de Chrëschtmaart ze maachen.  A: Ha, ech sot et jo ! Et ass ëmmer eng gutt Iddi, op de Chrëschtmaart ze goen.