Sprooch am Cours (A1)

Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht

Podcast artwork

Kategorier:

Wëllkomm am éischten Episod vun der Poterkëscht! Haut léiert dir e puer nëtzlech Informatiounen, déi dir an ärem Lëtzebuergeschcours gebrauche kënnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Hei e puer Sätz, wann d'Apprenantë mam Proff schwätzen: -      Entschëllegt, ech hunn eng Fro. -      Wéi seet een … op Lëtzebuergesch?  -      Wat heescht... ? -      Ech verstinn dat net. -      Kënnt dir dat widderhuelen, wgl.? -      Kann ech eng Kopie kréie wgl.? -      Ech wëll d'Ecoute nach eng Kéier lauschteren wgl.   Hei e puer Sätz, wann d'Apprenantë mat anere Kolleegen an der Klass schwätzen: -      Hues du e Blat fir mech? -      Kanns du mir e Bic léine wgl.? -      Kanns du mir hëllefen? -      Merci! -      Gär geschitt!   Hei e puer Sätz, wann de Proff mat den Apprenantë schwätzt: -      Schwätzt zu zwee. -      Schwätzt an der Grupp. -      Schwätzt mat Ärem Noper oder mat Ärer Nopesch. -      Liest den Text. -      Liest zu zwee. -      Lauschtert d'Ecoute. -      Kombinéiert. -      Schreift oder notéiert. -      Kräizt un. -      Ënnersträicht. -      Huelt d'Buch op der Säit ... -      Maacht d'Buch op. -      Maacht d'Buch zou. -      Stitt op wgl. -      Sëtzt iech wgl. -      Schafft zu zwee.