Op Wunnengssich (A2)
Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht
Kategorier:
Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Theema Wunnengssich (A2.1). De Marc sicht eng nei Wunneng, an d’Sarah kann him villäicht hëllefen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Sara: Salut! An, wéi leeft et mat der Wunnengssich? Marc: Hey! Pff, et ass wierklech net einfach. Ech hu schonn e puer Annoncë gekuckt, mee ech fannen einfach net dat Richtegt. Sara: Dat ass awer blöd. Mee ech kann der vläicht hëllefen. E Kolleeg vu mer plënnert deemnächst, an ech mengen, seng Wunneng kéint eventuell passen. Marc: Ou? Dat kléngt interessant! Hues du e puer Infoen iwwert d’Wunneng? Sara: Jo. Se huet zwee Schlofzëmmer, eng grouss Kichen an e klengt Buedzëmmer. Se läit an engem rouegen Eck zu Märel an ass gutt mat den ëffentlechen Transportmëttel verbonnen. Se läit net wäit ewech vum Märeler Parc an et sinn och e puer Butteker an der Géigend. Just eng Parkplaz gëtt et mengen ech keng. Marc: Dat héiert sech jo scho mol gutt un. Eng Parkplaz brauch ech net, ech hu jo keen Auto. Weess de och, wéi héich de Loyer ass? Sara: Ech mengen, de Loyer ass zimlech fair fir d’Lag an d’Gréisst vun der Wunneng. Ech denken, dat wier an dengem Budget. Marc: Cool! Dat kléngt wierklech gutt. Kanns du mer dengem Kolleeg seng Nummer ginn? Sara: Kloer, ech schécken der se direkt. Wann s de eng Fro hues, fro hien einfach. Et ass fir hien och bestëmmt méi einfach, wann hien dem Proprietär direkt en neie Locataire virstelle kann. Marc: Definitiv. Ok, Merci! Ech melle mech da bei dengem Kolleeg a kucke mat him e Rendez-vous auszemaache fir d’Wunneng kucken ze goen. Sara: Gär! A wann s de Hëllef beim Plënnere brauchs, mell dech roueg.
