Meng lescht Vakanz (A2)

Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht

Podcast artwork

Kategorier:

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog tëscht dem Laurent an dem Anne, déi iwwer hir lescht Vakanz schwätzen (Niveau A2.2). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Anne: Hallo Laurent, wéi war deng Vakanz? Du waars dach mat denge Kanner ënnerwee, oder? Laurent: Jo! Mir si fir zwou Woche mam Auto an Holland op d’Küst gefuer. Et war wierklech flott, an d’Kanner hate vill Spaass op der Plage. Anne: Dat kléngt jo super! A wéi war d’Wieder? Laurent: Zimmlech gutt. Et huet zwar e puer Deeg gereent, mee allgemeng hate mir Chance mam Wieder. Anne: A sou. Wat hutt dir dann alles gemaach? Laurent: Mir si vill mam Vëlo gefuer a mäin eelsten ass mam Draach geflunn. Wéi et gereent huet, si mir an eng Schwämm gefuer an d’Kanner ware begeeschtert! Anne: Cool! An owes? Laurent: An Holland ginn et vill Restaurante mat Spillplazen. Do kënnen d’Kanner dobausse spillen an d’Elteren hunn eng kleng Paus a kënnen och e bësse matenee schwätzen. An du, waars du och fort? Anne: Jo, ech war fir e verlängerte Weekend op Berlin.  Laurent: A, mat Frënn? Anne: Nee, ech war eleng. Meng bescht Frëndin huet kee Congé kritt. Laurent: O, schued. Mee et war bestëmmt awer flott! Zu Berlin kann ee jo vill maachen. Anne: Genee! Ech war a vill Muséeën an ech hu vill kulturell an historesch Plaze besicht.  Laurent: Dann hues de bestëmmt och vill Fotoe gemaach! Anne: Jo, ech hunn esouguer een Owend eng Visite guidée mat engem Fotograf gemaach. Do hunn ech geléiert, wéi een am beschte Fotoe vun enger Stad mam Handy mécht. Laurent: Wow, dat kléngt wierklech interessant. Déi muss de mir dann eng Kéier weisen! Bass de mam Fliger geflunn? Anne: Nee, ech hunn den Zuch geholl. Dat war méi bëlleg an et ass och méi nohalteg. Ech si just eng Kéier zu Köln ëmgeklomm. Laurent: Hat däin Zuch da keng Verspéidung? Anne: Nee, et huet glécklecherweis alles geklappt. Ech hat Chance! Komm, ech weisen dir emol e puer Fotoen.