Iwwer Veräiner schwätzen (A2)
Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht
Kategorier:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Mir maachen en Interview mat zwou Persounen, déi eis iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Speakerin : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Bei eis am Studio sinn haut d’Lisa an de Markus, déi eis e bëssen iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Lisa : Moien ! Markus : Moien ! Speakerin : Lisa, erziel eis emol fir d’éischt vun dengem Veräin. A wat fir engem Veräin bass du aktiv, a wat maacht dir do alles? Lisa: Ech si Member an engem Turnveräin. Mir treffen eis zwee Mol d’Woch an der Sportshal vun eisem Lycée. Do maache mir verschidden Turnübungen an danzen zesummen. Speakerin: Dat kléngt spannend. Wéini trefft dir iech dann ëmmer? Lisa: Mir treffen eis méindes an donneschdes vu 16 bis 18 Auer, no der Schoul. Speakerin : Wat gefält dir da besonnesch gutt un dengem Veräin? Lisa: Villes! Ech fannen et flott, datt ech mech no der Schoul e bësse bewegen an nei Leit aus anere Klasse besser kenneléiere kann. Et mécht mir och Spaass, nei Turnübungen ze léieren an u Competitiounen deelzehuelen. Speakerin: Ginn et och Nodeeler? Lisa: Jo, heiansdo ass et ustrengend, no der Schoul nach op den Training ze goen, virun allem, wann ech och nach fir eng Prüfung léiere muss. Speakerin: Merci, Lisa! Elo zu dir, Markus. A wat fir engem Veräin bass du? Markus: Ech sinn an engem Schachveräin. Mir treffen eis eemol d’Woch an engem klenge Café. Do spille mir Schach a léieren nei Strategien. Speakerin: Wéini maacht dir dat? Markus: Mir treffen eis ëmmer mëttwochs um siwen Auer owes. Heiansdo bleiwe mir esouguer bis zéng Auer do, wann et eng besonnesch spannend Partie ass! Speakerin: A wat gefällt dir extra un dengem Veräin? Markus: Mir gefält déi roueg Atmosphär an den Challenge, fir sech am Schachspill ze verbesseren. Ausserdeem hunn ech och vill nei Leit kennegeléiert. Speakerin: Ginn et och Saachen, déi dir manner gutt gefalen? Markus: Heiansdo dauert eng Partie ganz laang, an dat ass ustrengend, wann ee schonn de ganzen Dag geschafft huet. An natierlech, wann ee verléiert. Speakerin: Dat kann ech verstoen. Merci, Markus a Lisa. Et war interessant, vun äre Veräiner ze héieren. Vläicht hutt dir jo eis Nolauschterer motivéiert, sech och iwwer Veräiner an hirer Gemeng z’informéieren. Nach e schéinen Dag! Lisa: Äddi! Markus: Äddi!
