E Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2)
Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht
Kategorier:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Nathalie : O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill Zäit, mee ech muss onbedéngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer … oder vläicht en Donneschdeg ? Hoffentlech hu se nach eppes fräi … Ech ruffen emol un a froen. C : Gudde Moien, Salon ,,Schnipp Schnapp’’, wéi kann ech Iech hëllefen? N : Moien, hei ass d’Nathalie Silva. Ech géif gär e Rendez-vous beim Jackie huelen, wannechgelift. C : Natierlech ! Ass et just fir ze schneiden oder och fir ze fierwen? N : Ech muss den Nowuess fierwen an d’Spëtzen e bësse schneiden. C : An der Rei, wéini geet et Iech? N : Am beschte muer de Moien. C : Muer de Moien … Hmm, ech kucken … Nee, do ass schonn alles voll beim Jackie. Ech hätt just nach eppes fräi beim Nadine, um 11 :45. N : Hmm, nee, dat ass e bësse spéit, an ech géif léiwer wéi ëmmer bei d’Jackie goen. Wéi wier et dann en Donneschdeg? C : En Donneschdeg ass nach direkt um 8 :30 eppes fräi beim Jackie. N : Hmm, dat ass fréi ! Mee OK, dann huelen ech dee Rendez-vous. C : Tipptopp, Madamm Silva. Da bis en Donneschdeg um 8 :30. N : Jo, Merci ! Bis en Donneschdeg. Nathalie : Sou, den éischte Rendez-vous ass geholl. Uff ! An elo ruffen ech och direkt beim Kiné un, fir mäi Rendez-vous en Donneschdeg ze verréckelen. Dat gëtt soss e bëssen enk… P : Praxis Kiné Miersch, gudde Moien. N : Gudde Moien, hei ass d’Nathalie Silva. Ech ruffen u wéinst engem Rendez-vous, deen ech leider verréckele muss. P : Wéini ass Äre Rendez-vous ? N : En Donneschdeg de Moien um 9 :30. P : Ok, ech kucken … wéini géift dir da gär amplaz kommen ? N : Eventuell en Donneschdeg Nomëtteg ? Wier do eppes fräi ? P : Nee, en Donneschdeg ass leider schonn alles voll. E Freideg hätt ech nach eppes. N : Hmm, e Freideg ass schwiereg, do schaffen ech de ganzen Dag. Soss d’nächst Woch, direkt e Méindeg ? P : E Méindeg hätt ech nach e Rendez-vous um 14 Auer an um 16 Auer. N : 14 Auer, dat passt. P : An der Rei, dann änneren ech de Rendez-vous. N : Villmools Merci ! Nach e schéinen Dag. P : Merci gläichfalls. Nathalie : Uff, dat war jo guer net esou einfach. Mee elo ass alles organiséiert : De Coiffer en Donneschdeg de Moien, an dofir de Kiné e Méindeg Nomëtteg.
