E Gespréich beim Kaffi & eng Deenungsübung (A2-B1)

Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht

Podcast artwork

Kategorier:

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune beim Kaffi matenee schwätzen. Duerno héiere mir eng Deenungsübung, bei där dir och gär matmaache kënnt!Vill Spaass beim Nolauschteren.-Transkript:E Gespréich beim KaffiPersoun A: Gudde Moien! Bass du och scho wakereg? Persoun B: Hallo, jo, esou hallef. Ech brauch als éischt emol e Kaffi. Persoun A:  Ech och. Ech maachen eis direkt zwou Taasen. Wëlls du léiwer e staarke Kaffi, oder häss du gär léiwer een deen net esou staark ass ? Persoun B: Definitiv e staarke Kaffi wgl. Hues du och Mëllech? Persoun A: Natierlech hunn ech Mëllech. Soll ech dir e Cappuccino maachen? Persoun B: O! Hei ass et jo bal wéi an engem Hotel. Wann s du scho frees, dann huelen ech e Cappuccino wgl. Persoun A: Nëmmen dat bescht fir meng Gäscht. Da kriss du e Cappuccino an ech maache mir e schwaarze Kaffi. A wat wëlls de iessen? Persoun B: Wat proposéiers du mir dann? Persoun A: Also, ech hu frëscht Brout, Botter, Gebeess a Schockelasbotter. Ech hunn awer och Jughurt an Uebst, wann s du dat wëlls. Ech kéint och nach Croissante bei de Bäcker siche goen, deen ass direkt hei ëm den Eck oder eventuell eng Omlette maachen. Persoun B: Nee, ‘t ass gutt, du muss elo net extra Croissante kafe goen. Et reent jo och grad. Ech iessen eng Schmier mat Botter a Gebeess an huelen och nach en Apel.  Persoun A: Ok. Ech iesse moies net immens vill, ech iesse just eng Schmier mat Kakuettebotter an enger hallwer Banann.  Persoun B: O, dat kléngt jo gesond. Ech gi mir mol d’Gesiicht wäschen. Persoun A: An der Rei. Ech decken alt den Dësch. Persoun A: Sou, hei ass däi Cappuccino. Persoun B: Merci. Mmm, dee richt gutt. Persoun A: Hei sinn och nach d’Saache fir op d’Schmier an hei ass d’Brout. Ass dat ok, wann ech d’Zeitung liesen? Persoun B: Wie liest hautdesdaags nach d’Zeitung?  Persoun A: Firwat dann net? Ech fannen dat iergendwéi relax. Ech liese gär d’Noriichte beim Kaffi. Persoun B: Ech si léiwer um Handy. Ech liesen d’Noriichten online an ech sinn e bëssen op de Soziale Medien. Persoun A: Ech weess net.. Um Handy kommen dann ëmmer rëm Messagen oder et ass een ofgelenkt. Esou kann ech mech just op dat konzentréieren, wat ech grad liesen. Persoun B: Hmm..jidderee huet seng Gewunnechte moies.  Persoun A: Genee. Wa mäi Moien net gutt ufänkt, da weess ech, dass mäin Dag och net gutt wäert sinn.  Persoun B: Bei mir ass dat och esou. Hues de dann eng Iddi, wat mir nom Kaffi maache kënnen?  Persoun A: Ech hu mir iwwerluecht, datt mir an de MUDAM kéinte goen, do hu si eng nei Ausstellung a wann s du nach net am Musée Dräi Eechele waars, da kënne mir och dohinner. Persoun B: Jo, firwat net! Wier dat ok, wann ech nom Kaffi just e puer Deenungsübunge géing maachen. Däi Canapé-lit war e bëssen ze haart fir mäi Réck. Persoun A: O, dat deet mer leed. Deen ass schonn zimmlech al. Ech ginn der dono eng Matt, da kanns du deng Übunge maachen an ech ginn an der Tëschenzäit an d’Dusch. Persoun B: Top! Da kann ech och dono séier duschen an da si mer prett fir an d’Muséeën. Persoun A: Tipptopp.