Dialog am Restaurant an op der Bank (A2)
Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht
Kategorier:
Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger (Niveau A2.1) op ëffentleche Plazen. Fir d’éischt si mir am Restaurant an duerno op der Bank. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Restaurant Client & Cliente: Gudden Owend! Client: Kéinte mir d’Menüskaart kréien, wannechgelift? Serveur: Gudden Owend! Jo, natierlech. Hei ass se. Client: Merci. Wat kënnt Dir eis recommandéieren? Serveur: Eis Pizzae si ganz beléift. Mir hunn awer och hausgemaachten Nuddelen. Oder hätt dir léiwer gär e Bifdeck? Client: Nee, fir mech kee Fleesch, ech si Vegetarier. Dann huelen ech eng Pizza. Mat Oliven a Champignonen, wannechgelift. Serveur: Eng Pizza mat Oliven a Champignonen… dat ass notéiert. A fir Iech, Madamm? Cliente: Ech hätt gär eng Portioun Spaghetti Carbonara. Déi hat ech schonn e puer Mol hei, se ass wierklech exzellent, wéi an Italien! Serveur: An eemol Spaghetti Carbonara… Gudde Choix! Hätt dir och gär eng kleng Zalot dobäi?Cliente: Jo, gär! Mee ouni Nëss, wannechgelift, ech sinn dorop allergesch! Serveur: Kee Problem, ech soen der Kiche Bescheed. A fir ze drénken? Client: Fir mech e Spruddelwaasser, wannechgelift. Serveur: E Spruddelwaasser… Kleng oder grouss? Client: Grouss! Mir deelen eis eng Fläsch, oder? Cliente: Jo! Ech huelen awer och nach eng Kippchen als Aperitif, wannechgelift. Serveur: E grousst Spruddelwaasser an eng Kippchen… Tipptopp! Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt. Client & Cliente: Merci! Op der Bank Client: Bonjour! Ech géif gär e Kont opmaachen. Sinn ech hei richteg? Employée: Gudde Mëtteg! Jo, huelt iech Plaz, wannechgelift. Wësst Dir schonn, wat fir e Kont Dir gär opmaache géift? Client: Jo, ech denken, e ganz normale Compte courant geet fir de Moment duer. Employée: An der Rei. Dofir bräicht ech e puer Dokumenter. Hutt Dir Är Carte d’identité dobäi? Client: Jo, ee Moment … Hei ass se. Employée: Villmools Merci. Hutt dir och e Certificat de résidence? Client: Jo, natierlech. Hei ass en. Employée: Perfekt. Voilà, elo musse mer just nach e Formulaire ausfëllen. Wéi ass Ären Numm, wannechgelift? Client: Mäin Numm ass Christian Marchetti. Employée: Wéi schreift een Äre Familljennumm? Client: M-A-R-C-H-E-T-T-I. Employée: Merci. Da bräicht ech och nach eng Telefonsnummer. Client: Meng Nummer ass 00 352 621 12 23 34. Employée: Merci. Et dauert elo Moment, bis Äre Kont op ass. Dir kritt Är Bankomatskaart an Äre PIN-Code an e puer Deeg mat der Post heemgeschéckt. Braucht Dir och eng Kreditkaart? Client: Nee, fir de Moment net. Mee eng Fro hunn ech nach: hunn ech och Accès op den Online-Banking? Employée: Ech kann Iech dat fräischalten, wann Dir wëllt … Sou, et ass gemaach. Et kann awer e puer Deeg daueren, bis den Accès funktionéiert. Hutt Dir schonn en Token? Client: Jo, an ech hunn och d’App. Employée: Perfekt! Dir kënnt och d’Gratis-App vun eiser Bank eroflueden, da kënnt dir ëmmer an iwwerall ganz einfach Accès op Äre Kont hunn an och ënnerwee Viremente maachen. Client: Dat ass praktesch, dat maachen ech. Merci fir Är Hëllef! Employée: Service. Nach e schéinen Dag! Client: Merci gläichfalls!
