D'Alphabet (A1)
Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht
Kategorier:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Alphabet op Lëtzebuergesch. Mir héieren och e Beispiller, wou d'Alphabet trainéiert gëtt. --- Transkript D'Alphabet op Lëtzebuergesch D’Alphabet op Lëtzebuergesch A wéi Adress B wéi Bus C wéi Computer D wéi Dokter E wéi Elteren F wéi Famill G wéi Gebuertsdag H wéi Handysnummer I wéi Informatiker J wéi Joreszäit K wéi Kaffi L wéi Lëtzebuerg M wéi Meedchen N wéi Noper O wéi Owend P wéi Proff Q wéi Quetsch R wéi Restaurant S wéi Samschdeg T wéi Telefon U wéi Universitéit V wéi Virnumm W wéi Woch X wéi Xylophon Y wéi Yoga Z wéi Zuch Elo héiere mir dräi kuerz Dialoger. Am Cours vum INLL Apprenant : Gudde Moien, ech sinn am A1-Lëtzebuergesch-Cours. Proff : Jo, wéi ass Ären Numm, wgl. ? Apprenant : Sachinoli Ortega. Proff : Kënnt Dir Äre Virnumm buschtawéieren, wgl. ? Apprenant : Jo, natierlech. S-A-C-H-I-N-O-L-I. Proff : A jo, ären Numm ass hei op der Lëscht. Wëllkomm ! Am Cours Yarina : Moien, wéi heeschs du ? Kevin : Ech heesche Kevin. An du? Yarina : Mäin Numm ass Yarina. Kevin : Wéi schreift een dat ? Yarina : Y-A-R-I-N-A. E Rendez-vous beim Dokter Patient : Gudde Moien, ech brauch e Rendez-vous beim Dokter Thill. Rezeptionnistin : Wéi ass Ären Numm, wgl. ? Patient : Marcel Landewyck Rezeptionnistin : Kënnt Dir dat buschtawéieren, wgl. ? Patient : Jo. M-A-R-C-E-L, Landewyck L-A-N-D-E-W-Y-C-K Rezeptionnistin : An der Rei. E Moment, wgl…
