Aussprooch: De Buschtaf ,,r’’ (A1)
Poterkëscht vum INLL - En podcast av Poterkëscht
Kategorier:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’. - - - Transkript: Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond. Sot eng Kéier „Buch“. An elo [x]. Do wou dir de [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ]. [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ] Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:-rout, rosa, richteg, roueg, Rous, ronn, reesen, Rees, ruffen, Reen.-Arabesch, brong, Brout, Crème, dräi, drësseg, eraus, eran, erof, erop, froen, Fro, frou, grouss, Grad. -Iran, Irland, krank, Orange, Organ, prett, Problem.-Sri-Lanka, Tram, Trick, urban, uruffen, vreck, vrun, Wrack, zréck. -De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten. Ech widderhuelen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten. Schwätzt mat mir zesummen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten. -Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel. Ech widderhuelen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel. Schwätzt mat mir zesummen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel. -Dann nach eng Zuel: dräidausendräihonnertdräiandrësseg. Dräidausenddräihonnertdräiandrësseg. Schwätzt mat mir zesummen: dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.
